arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei KI fir d'Police

Änlech wéi ChatGPT

|
headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow

Nei KI fir d'Police

D'Police zu Lëtzebuerg soll eng eege Kënschtlech Intelligenz kréien. Déi KI soll där vu ChatGPT gläichen awer eebe speziell op d'Policeaarbecht bezunn. Dat sot de Policedirekter Pascal Peters am 100,7-Interview.

headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow
© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Zesumme mat Europol wier bei europäesche Policen e Pilotprojet lancéiert ginn, wou och déi Lëtzebuerger Police matmécht. Déi KI erméiglecht et de Beamtinnen a Beamten Textsyntheesen, Iwwersetzungen a Recherchen ze maachen.

D'KI soll dobäi hëllefe vereinfacht ze schaffen. Well een awer keng Policedokumenter bei ChatGPT kéint aginn, wier e speziellen Tool néideg, esou de Pacscal Peters.

An do hate mir bei Europol gekuckt, déi hunn en Innovation Lab, an déi hunn dann eng Kéier gesot, dat war interessant, och esou en Chatbot respektiv e Large Language Model, dee si fäerdeg hätten, deen net grad esou performant ass wéi ChatGTP, awer änlech Capacitéiten hätt.”

Trounwiessel wéi Poopstvisitt

Wat d'Policeaarbecht ugeet, wier den Trounwiessel der Poopstvisitt änlech, seet de Policedirekter. Et wieren och nees ronn 800 Beamtinnen a Beamte mobiliséiert ginn.

Gewaltbereetschaft an der Gesellschaft klëmmt

Generell géif ee gesinn, datt d'Gewaltbereetschaft an der Gesellschaft klëmmt, seet de Policedirekter. Esouwuel Gewalt géint Polizistinnen a Poliziste wéi och haislech Gewalt géif zouhuelen.

En neie Rapport weist eng Hausse vun haislecher Gewalt. Zejoert gouf et an der Moyenne dräi Interventioune pro Dag. D'Ursaach dofir kéint sinn, datt méi Fäll gemellt ginn, well d'Leit sech éischter géifen trauen, et kéint awer och sinn, datt d'Gewalt méi ginn ass, esou de Policedirekter.

Och d'Cyberkriminalitéit huet zougeholl. Mëttlerweil géif Cyberkriminalitéit een Drëttel vun den Delikter stellen.

play_arrow Lauschteren