Nieft der Missioun fir Doppingtester duerchzeféieren ass déi zukünfteg ALIS och fir d’Lutte géint Manipulatiounen an de Safeguarding zoustänneg. Dee Begrëff steet fir alles, wat ee maache kann, fir géint physesch, psychologesch, sexuell Gewalt oder awer Noléissegkeet am Sport virzegoen, erkläert den ALAD-Direkter Loïc Hoscheit.
“Mir wëllen einfach e Kader schafen, wou jidderee sech wuelfillt domat, datt ee Sport mécht, sief et an enger Schwämm, an enger Hal, op engem Terrain, dobaussen am Schoulhaff, wann ee Sport mat senge Kollege mécht, egal wou. Mee Sport muss e Vecteur si vu Wäerter, déi solle positiv sinn.”
Datt Safeguarding oder Schutz vu Sportler net vu Muttwëll ass, beweist eng europäesch Ëmfro vun 2019. Do haten zum Beispill 65 Prozent vun de Befroten ausgesot, Affer vu psychologescher Gewalt am Sport ginn ze sinn.
ALIS gëtt opgestockt – 7 nei Mataarbechter:innen
De Loïc Hoscheit huet fir Lëtzebuerg eng eegen Etüd an deem Sënn ugekënnegt. Doriwwer eraus befaasst ee sech mat der Manipulatioun vu Competitiounen: Dorënner falen ënner anerem Korruptioun oder Sportswetten. Fir hir Missioune kënnen ze erfëllen, wäert d’ALIS Leit bäikréien: Hire Staff soll vun elo 8 op 15 an zwee Joer uwuessen.
An der nationaler Ethikkommissioun am Sport da solle 7 Leit sëtzen: Dat solle Juristen, Experten, Dokteren, Wëssenschaftler, Ethiker a Mënscherechtler sinn, seet de Michel Knepper, President vum COSL.
“Deen nächste Schratt, dee mir eis erwaarden: Datt dono d'Federatiounen och dat selwecht mat de Veräiner maachen, a wa mir dat géife fäerdeg bréngen, alleguer, datt jiddereen, d'Federatioune wéi d'Veräiner, do adheréiert, ech mengen, datt mir do e ganz wichtege Schratt dora gemaach hunn.”
Oder, fir et mat de Wierder vun der CSV-Sportministesch Martine Hansen ze soen: Wann de Sport staark Wäerter huet, da ginn déi iwwerdroen an de Rescht vun der Gesellschaft.