Et ass en neit Gesetz virgesinn, dat haut vum EU-Parlament zu Stroossbuerg definitiv adoptéiert gouf. Bei der Produktioun an der Veraarbechtung vu Liewensmëttel sollen d’Offäll ëm 10 Prozent reduzéiert ginn. Et ass déi éischte Kéier, datt esou Ziler am Beräich vun der Liewensmëttelverschwendung op EU-Niveau decidéiert goufen.
Am Textilsecteur mussen d’Produzente sech an Zukunft ëm d’Sammlung, d’Sortéieren an de Recyclage vu Kleeder këmmeren – an och finanziell dofir opkommen. Besonnesch viséiert gëtt hei d’“Fast Fashion“, dat heescht den Trend, fir Kleeder séier a bëlleg ze produzéieren.