arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei Dokumenter zum Fall Jeffrey Epstein publizéiert

USA

|
headphones

1 min

Nei Dokumenter zum Fall Jeffrey Epstein publizéiert

Eng Kommissioun vum amerikanesche Representantenhaus huet Dausende Säite mat Informatiounen iwwer de Fall Jeffrey Epstein verëffentlecht. De fréiere Banker war wéinst Sexualdelikter verurteelt ginn an hat sech am Prisong ëmbruecht.

headphones

1 min

© EPA/JASON SZENES
(Foto: EPA/JASON SZENES)

Wéinst fréiere Kontakter tëschent dem President Donald Trump an dem Jeffrey Epstein war déi amerikanesch Regierung ënner Drock geroden, fir Dokumenter ze publizéieren.

De Justizministère huet der zoustänneger parlamentarescher Kommissioun elo 33.000 Säite fir d'Publikatioun zur Verfügung gestallt. Ob doran nei Informatioune sinn ass den Ament onkloer.

Der Zeitung Washington Post no wier et just en éischte Volet an et sollen nach Dokumenter iwwer de Fall Jeffrey Epstein verëffentlecht ginn.