Déi nei Verbindung ass am ganzen 2,1 Kilometer laang, woubäi 600 Meter ënnerierdesch verlafe sollen.
Déi "mixed" Variant fir den Tram iwwer d‘Areler Strooss mat engem ënnerierdeschen Deel hätt de Virdeel, datt een d’Terrainen, déi driwwer leien, nach kann anescht gestalten. Deen ënnerierdeschen Tronçon läit tëschent dem zukünftegen neie Wunnquartier, wou bis elo de Stadion Josy Barthel stoung, an dem CHL.
Déi Léisung géif et erméiglechen, op relativ enke Plazen iwwerierdesch gréng Fläche virzegesinn, oder fir d’Mobilité douce de Bau vun enger separater Vëlospiste. Dat gëtt am Gesetzprojet preziséiert.
Den Tram fiert ënnerierdesch vum Val Fleuri aus bis bei d’Rue des foyers, niewent dem Stadion Josy Barthel, wou ee ganz neie Wunnquartier virgesinn ass.
Véier Arrêten op der neier Streck
Op där ganzer Streck sinn et véier Statiounen. Bei der neier Statioun op der Stäreplaz soll eng ënnerierdesch Busstatioun entstoen. D’Autoe wäerten do iwwer eng bedeckten Tranchée kënne fueren.
U sech ass et eng vun de komplizéierte Vernetzungen op där Streck, wou Tram, Auto, Bus, mee och Vëlosfuerer a Foussgänger sech kräizen. Iwwerdeems entsteet op der Stäreplaz, de Quartier Silver Etoile, mat Geschäfter a 600 Wunnengen.
Déi nächst Statioune sinn de Quartier Stade an den CHL. Déi leschte Statioun ass um Terrain vu Stroossen, wou de sougenannte Pôle de Mobilité CHL geplangt ass.
Weider Verbindung an Aarbecht
An Tëschenzäit gëtt fir den Tram och nach un enger weiderer Verbindung geschafft, an zwar tëschent dem Boulevard de Merl an dem Pôle Mobilité CHL, dee provisoresch als Terminus wäert funktionéieren. Et ass dann déi éischte Streck, déi ronderëm d’Stad féiert. Dee Projet soll eréischt no 2035 entstoen, gëtt am nationale Mobilitéitsplang 2035 preziséiert.
D’Verbindung tëschent dem Pôile Mobilité CHL zu Stroossen an der Stäreplaz ass mat där neier Tramsstreck kompetitiv. D’Trams-Fahrt dauert just 5 Minutten, d’Arrêten op de véier Statioune mat aberechent.
Déi éischten Testfaarte vum Tram op der neier Streck Richtung Stroosse si fir Enn 2032 geplangt an déi éischt Passagéier géifen dann uganks 2033 kënne bis bei den CHL fueren.