arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei Besatzung op der international Raumstatioun ISS ukomm

Weltall

|
headphones

1 min

Nei Besatzung op der international Raumstatioun ISS ukomm

Déi international Raumstatioun ISS huet elo eng nei Besatzung. Déi zwee Amerikaner, eng Fransousin an ee Russ sinn op der Raumstatioun ukomm.

headphones

1 min

Si waren u Bord vun enger Falcon-9-Rakéit vum Kennedy Space Center a Florida aus an de Weltall gestart a si ronn 34 Stonnen drop ukomm. D‘ISS-Besatzung vu bis elo, war Mëtt Januar zeréck op d‘Äerd komm, well ee vun hinne gesondheetlech Problemer hat.

Déi nei Besatzung soll 9 Méint op der internationaler Raumstatioun bleiwen.