Fir matzemaachen, geet et duer sech an der App unzemellen, egal ob een en éischt Hëllef Cours gemaach huet oder net. Et wier immens wichteg, datt bei engem Häerzstëllstand séier reagéiert gëtt, fir dass d’Affer méiglechst héich Iwwerliewenschancen huet, erkläert den Tom Barnig, Direkter vun den Operatioune beim CGDIS.
Ee weidert "Puzzlestéck" an der Rettungsketten
No 10 Minutten ouni Hëllef, hätt een nämlech quasi keng Iwwerliewenschance méi. D’App Staying Alive LU, déi ee vun haut u kann eroflueden, soll e wichtegen Deel vun der Rettungskette vum CGDIS ginn. Zil wier et, déi Rettungsketten, vum Häerzstëllstand bis an d'Spidol esou kuerz an effikass wéi méiglech ze halen. D'App mam Numm "Staying Alive" wier dofir ee "weidert Puzzlestéck"
"Datt mer Leit kënnen alertéieren, déi an der Géigend vun engem Häerzstëllstand sinn, datt déi am Fong kënnen op d'Plaz goen, fir do mat der Reanimatioun unzefänken oder en Defibrillator sichen ze goen, fir deen op d'Plaz ze bréngen."
Esou kéinte wäertvoll Minutte gewonne ginn, bis d'Rettungsdéngschter op der Plaz sinn an dann direkt mat der Reanimatioun kënnen ufänken.