arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei Plattform fir gebrauchte Saachen en zweet Liewen ze ginn

guttsaach.lu

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Nei Plattform fir gebrauchte Saachen en zweet Liewen ze ginn

Zënter 2019 kann de Recyclingszenter zu Schëffleng Material, wéi ënner anerem Spillsaachen, déi nach an engem gudden Zoustand sinn, un Associatiounen oder Schoule weiderginn. Wat bis elo iwwer WhatsAppgruppe gelaf ass, soll elo duerch eng Applikatioun koordinéiert ginn.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Mëttlerweil ginn et iwwer 450 Veräiner a Schoulen, déi matmaachen. Aus deem Grond gouf elo eng nei Plattform ausgeschafft: guttsaach.lu

Fir méi Ressourcen zougänglech

Den Direkter vum Schëfflenger Recyclingzenter Patrick Falkenstein hofft, datt déi nei App d'Initiativ wäert ënnerstëtzen - d’Kommunikatioun iwwer WhatsApp wier einfach ze komplizéiert ginn, esou den Direkter.

“Et soll eng grouss Vernetzung entstoen, well déi Plattform ass oppe fir aner Ressourcenzenteren, fir Betriber, Ministèren an Administratiounen, déi gewëllt si matzemaachen a Material zu Verfügung ze stellen.”

D'Initiativ geet vum Gemengesyndikat SIVEC aus. Nieft Esch a Schëffleng gehéieren och nach Monnerech, Recken a Suessem zum SIVEC.

Den Escher Buergermeeschter huet iwwerdeems preziséiert, datt de Recyclingzenter nach weider ausgebaut soll ginn. De Käschtepunkt läit bei 10 Milliounen Euro.

play_arrow Lauschteren