Radioen

On air

Notturno  |  Mart Avi - Feather

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Apdikt zu Veianen: Wéi vill Apdikte braucht Lëtzebuerg?

Gesondheet

Nei Apdikt zu Veianen: Wéi vill Apdikte braucht Lëtzebuerg?

Zu Veianen gëtt et zënter leschter Woch eng fonkelnei Apdikt. Se gëtt vum selwechten Apdikter gefouert, deen déi al an de leschten 20 Jore geféiert huet. Mat der Nopeschgemeng gouf et wéinst där Apdikt och Tensiounen.

auto_stories

3 min

Foto: Carole Schimmer

D'Apdikt gouf an een neit Gebai installéiert, dat der Gemeng gehéiert an an deem och ee Centre médical virgesinn ass. Am Mee d’nächst Joer soll déi éischte Generalistin Patienten do kënnen empfänken. 

Veianen ass stolz op déi nei Apdikt. D’Apdikt zu Veianen ass um leschte Stand: Si ass mat engem Roboter equipéiert, deen d’Medikamenter an der Reserve siche geet a se huet een Nuetsguichet, deen ouni d’Presenz vun engem Apdikter oder enger Apdikterin funktionéiert. 

Et kann een do baussent den Ëffnungszäiten eng Rei Produite kafen, fir déi ee keng Prescriptioun brauch. Donieft kann een och Bestellungen déi een an der Apdikt gemaach hat, 24 Stonnen op 24 iwwert deen Automat ofhuelen.

Neie Site ass méi accessibel

Där Automate ginn et der elo just dräi am Land. Datt d’Apdikt zu Veiane bliwwen ass, dofir huet sech d’Gemeng agesat an et koum zu engem Accord mam Apdikter Luc Manderscheid fir zu Veianen eng optimal nei Plaz ze fannen. Datt dat geklappt huet, huet den Apdikter gefreet. 

"En plus hu mer se dann an e puer Méint ee Supermarchéen drënner, wat och fir de Clienten, fir d'Leit en général e Virdeel ass a wat eis dann och als Apdikt natierlech an e ganz neien Zentrum, an e ganz neie Mëttelpunkt setzt."

Dee neie Site vun der Veianer Apdikt ass besser accessibel ewéi dee vu bis elo. Et si Parkplazen an eng Busstatioun niewendrun. Dee neie Site vun der Apdikt erfëllt eng ganz Rëtsch vun de Krittären déi de Collège médical virschléit.

Tensioune mat der Gemeng Tandel

Den Aptikter Luc Manderscheid hat virun där Decisioun aner Alternative proposéiert kritt, erkläert de Buergermeeschter vu Veianen, de Francis Weyrich. An de leschte Jore gouf et mat der Nopeschgemeng awer och Tensiounen, wéinst der Apdikt.

An der Gemeng Tandel gëtt et nämlech ee Projet fir zu Furen, nëmme 4 Kilometer vu Veianen ewech, eng Apdikt z’installéieren, am selwechte Komplex wou schonn ee Centre médical mat dräi Dokteren installéiert gouf.

Den Haaptkrittär fir eng nei Lizenz fir eng Apdikt ze kréien ass eigentlech d’Zuel vun den Awunner:innen. De Collège médical consideréiert, datt eng Apdikt bei enger Populatioun vun op d‘mannst 5.000 Awunner:innen rentabel ass.

Zweet Apdikt am Fong net gerechtfäerdegt

Déi viregt LSAP-Gesondheetsministerin Paulette Lenert hat déi entspriechend Demande fir eng Apdikt zu Furen e puer Mol ofgeleent. D‘Awunnerzuel am Kanton géif d’Schafe vun enger zweeter Konzessioun an deem Raum net rechtfäerdegen.

Déi aktuell CSV-Gesondheetsministerin Martine Deprez schwätzt an der Äntwert op eng Question parlementaire awer net méi vu 5.000 mee vu Gemenge mat 2500 Awunner:innen déi eng Apdikt ze gutt hätten. Si deit och un datt si d’Positioun vun hirer Virgängerin kéint revidéieren.

Reportage lauschterenplay_arrow

Eng Apdikt ze iwwerhuelen ass mat Risiko verbonnen

De Veianer Buergermeeschter, de Francis Weyrich, mengt, datt et och schwiereg wäert ginn, fir iwwerhaapt en Apdikter oder eng Apdikterin fir Furen elo ze fannen. Do bräicht et och déi richteg Persoun, déi sech traut de Risiko anzegoen.

Nieft de Käschte vun der Installatioun, sinn et och d’Personalkäschten déi een als Apdikter oder als Apdikterin muss kënne finanzéieren. De Collège médical ënnersträicht dozou datt et haut scho schwiereg ass, qualifizéiert Personal ze fannen.

Déi Meenung deelt och den Alain de Boursy, President vum Apdikteschsyndicat a 100,7-Interview.

Interview mam Alain de Boursy

Lauschterenplay_arrow