Radioen

On air

Notturno  |  Francis Of Delirium - All Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei Ukënnegungen zur Steierreform a Gesetzesprojet iwwert d'Heescheverbuet

CSV

Nei Ukënnegungen zur Steierreform a Gesetzesprojet iwwert d'Heescheverbuet

D’CSV/DP-Regierung huet éischt Projeten ëmgesat, wéi d’Upassung vun der Steiertabell a Logementsmesuren, domat ass et awer net gedoen, sot de Marc Spautz um Presseiesse vun der CSV um Enn vum Chamberjoer.

auto_stories

1 min

Marc Spautz (Foto: Archiv)

E Mëttwoch, nom Ministerrot, géif et nämlech nach Ukënnegunge vu ënner anerem dem Gilles Roth an der Elisabeth Margue ginn. 

“Uschléissend wäert de Finanzminister d’Chamber informéieren, wéi et weidergeet mat der Steierreform, wat alles kënnt fir den 1. Januar 2025, an och, wat wäert geschéien, sou wéi de Premierminister dat ugekënnegt huet, mat der Steierklass 1a. An och d’Justizministesch, déi huet dat och schonn ugekënnegt, datt do verschidden Adaptatioune kommen um Code pénal, fir datt dann en Dossier, deen déi lescht 6 Méint eis all ëmmer erëm begleet huet, definitiv misst gekläert sinn an dann op deene richtege Bunnen ass, fir datt do och an alle Punkte wäert Kloerheet kommen!”

Rieds ass dobäi vum Heeschen. An den Ae vum CSV-Fraktiounschef hätt déi nei Koalitioun schonn e gudden Aarbechtsmodus fonnt, mee et géif nach Sputt no uewe ginn. Vu Rentekierzungen hätt hien nach näischt gelies oder héieren, sou de Marc Spautz. Et géif een do op den Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot waarden an da mat de Consultatiounen ufänken.

Donieft géif d’Chamber d’Regierung och op de Préifstand huelen, well et wier een “net do, fir de Refrain ze sange vun deem, wat d’Regierung virgëtt!