Den Donald Trump hat d‘Nationalgard an der US-Haaptstad rezent aktivéiert fir eng presuméiert ausser Kontroll gerode Kriminalitéit an de Grëff ze kréien. Hien huet dofir och déi lokal Police ënner Bundeskontroll gestallt.
D‘Police-Statistike liwweren allerdéngs keng Beweiser fir esou eng Hausse vun der Kriminalitéit.