arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Ech wäert bis de leschten Dag vu mengem Règne meng Flicht erfëllen"

Grand-Duc Henri

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

"Ech wäert bis de leschten Dag vu mengem Règne meng Flicht erfëllen"

De Méindeg de Moie war an der Philharmonie um Kierchbierg déi offiziell Feier fir den Nationalfeierdag. De Premier Luc Frieden, de Chamberpresident Claude Wiseler an och dem Grand-Duc Henri hunn do Riede gehalen. D‘lescht Joer hat de Grand-Duc bei där Geleeënheet jo annoncéiert, datt hien ofdanke wéilt, eppes wat Ufank Oktober dëst Joer esou geschitt.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow
© MDG / Sophie Margue
(Foto: MDG / Sophie Margue)

De Grand-Duc sot, den Nationalfeierdag vun dësem Joer hätt fir hien eng besonnesch Emotioun, well et säi leschten Nationalfeierdag an där Funktioun ass.

"Ech wäert bis de leschten Dag vu mengem Règne meng Flicht erfëllen, mat Iwwerzeegung, Devouement an Engagement. Jo, den 3. Oktober danken ech of. Awer fir de Rescht vu mengem Liewe wäert ech zudéifst verbonne bleiwe mat eiser Heemecht. Ech wäert mech weider all Dag dorunner interesséieren ewéi eist Land virukënnt, an ech wäert mech doriwwer freeën, ze gesinn ewéi eist Land sech weider entwéckelt am Fridden an an der Prosperitéit, zu Gonschte vun eis alleguer."

No der Philharmonie geet et den offizielle Programm dann haut um Méindeg weider an d‘Nei Avenue: Do ass um 12 Auer nämlech d‘Militärparad.

De Samschdeg den Owend vum Virowend gouf, bei schéinem Wierder ueschter d‘Land, ma virun allem och an der Stad intensiv gefeiert. Zéngdausende Leit ware fir de Virowend vun Nationalfeierdag zesummen. Et war den traditionelle Fakelzuch an natierlech och d‘Freedefeier. De Grand-Duc Henri an d‘Grand-Duchesse Maria-Teresa waren am spéiden Nomëtteg och nach zu Esch.

play_arrow Lauschteren