arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nadine Braconnier hofft op hir Aarbecht jugéiert ze ginn, net op hiert Ausgesinn

Gemeng Käerjeng

|
headphones

1 min

Nadine Braconnier hofft op hir Aarbecht jugéiert ze ginn, net op hiert Ausgesinn

Nom Michel Wolter senger Récktrëtts-Annonce als Buergermeeschter a Conseils-Member vu Käerjeng am Abrëll d‘nächst Joer huet seng viraussiichtlech Nofollgerin a Fra Nadine Braconnier sech um Dënschdegowend op de soziale Medien eng éischte Kéier zu Wuert gemellt.

headphones

1 min

Hir Ernennung als zukünfteg Käerjenger Buergermeeschtesch gouf vu verschiddene Leit an de soziale Medie kritiséiert. Dës "aner Säit vun der Medail" hätt si schounungslos matkritt, an déi lescht zwee Deeg wäre ganz emouvant gewiescht, schreift d‘CSV Politikerin.

Si géif hoffen, op hir Aarbecht jugéiert ze ginn, a manner op hiert Ausgesinn, Geschlecht an hier Familljesituatioun

D‘Nadine Braconnier kënnt als Véiertgewielt op de Poste vun der Buergermeeschtesch. Den Zweetgewielten op der Käerjenger CSV-Lëscht, Frank Pirotte, wëll och op mat der Lokalpolitik ophalen, an deen drëtt gewielten, Richard Sturm, ass net méi Member vum Conseil.