De Statec geet a sengen aktuelle Previsiounen dovun aus, datt den Inflatiounstaux dëst Joer bei plus 2,3 läit. A well d’Energiepräisser och d’nächst Joer nach deelweis staatlech subventionéiert ginn, rechent de Statec och d’nächst Joer mat enger Inflatioun vu manner wéi dräi Prozent.
2025: D'Inflatioun gëtt duerch Präisdeckel gebremst
Well de Präisdeckel beim Stroum d‘nächst Joer nëmmen zum Deel ewech fällt, dierft sech d‘Präishausse tëscht Dezember dëst Joer a Januar d’nächst Joer a Grenzen halen, esou d’Statistikverwaltung. Fir d’nächst Joer gëtt deemno mat engem Inflatiounstaux vun 2,6 Prozent gerechent. Am Mee hat de Statec nach eng Hausse vun 3,1 Prozent virausgesot, mee do war een nach dovun ausgaangen, datt d’Präisdeckele ganz verschwanne géifen.
Wat den Index ugeet, bleiwen d’Previsiounen onverännert: Am véierten Trimester dëst Joer wier déi nächst Indextranche fälleg, an déi nächst ee Joer drop, am véierten Trimester 2025. Mat enger Indextranche ginn d’Salairen an d’Pensiounen automatesch em 2,5 Prozent un d’Inflatioun ugepasst.
Méi niddereg Präisshausse bei Pëtrolproduiten a Liewensmëttel
Am Juli dëst Joer louch den Inflatiounstaux dem Statec no bei nëmmen nach 2,0 Prozent, wat dem niddregsten Niveau zanter Ufank 2021 entsprécht. Dëse Réckgang wier och op eng méi niddereg Präishausse bei de Pëtrolsproduiten zeréckzeféieren, sou nach de Statec. Ma och d’Präishausse bei de Liewensmëttel hëlt liicht of. Déi läit dem Statistikamt no iwwer ee Joer gekuckt nëmmen nach bei engem Plus vun 1,5 Prozent.
EZB hëlt am September déi nächst Zënsentscheedung
Am Verglach dozou stagnéiert d’Inflatioun an der Eurozon bei ongeféier 2,5 Prozent. Fir d’nächst Joer erwaarden sech international Institutioune wéi Oxford Economics an d’Europäesch Zentralbank een Inflatiounstaux vun tëschent 1,4 an 2,2 Prozent. Den 12. September ass den nächste Gouverneursrot vun der Europäescher Zentralbank beienee fir ze decidéieren, ob d’Zënsen am Euroraum wéinst der Inflatiounsentwécklung erofgesat ginn oder net.