arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nach vill oppe Froen zum Staatsbudget

Éischt Reaktiounen

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Nach vill oppe Froen zum Staatsbudget

Et hätt een nach keng kloer Donnéeën iwwer déi zukünfteg Entwécklung vun der Staatsschold, dat ass eng éischt Reaktioun vun de Parteien aus der Chamber no der Presentatioun vum Staatsbudget um Mëttwochmoien.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Et géifen nach ganz vill oppe Froe ginn zum Projet “Matenee wuessen” vum Finanzminister. Notamment, well d’Regierung de soziale Modell a Fro stelle, kritiséiert d’Taina Bofferding LSAP-Fraktiounspresidentin.

“Hie seet, datt de Wirtschaftsmodell an de Sozialmodell zwou Säite vun der Medail sinn. Ech mengen déi Medail huet eng ferm Téitsch kritt, grad wann een esou vill vu matenee schwätzt, wa mer eng Regierung hunn, déi awer de Sozialdialog ferm mat d'Féiss getrëppelt huet.”

A wéi d’Depensen sech laangfristeg entwéckelen a géigefinanzéiert ginn, do vermësst déi Gréng Deputéiert Sam Tanson  Detailer am Budget.

“Datt eigentlech d'Depensë méi séier klamme wéi d'Recetten, an dat ass net eppes wat ee wierklech kann optimistesch stëmmen. Ëmsou méi, well dat och éischter doduerch geschëlt ass, datt ganz vill Steierbaissen decidéiert goufen an net well esou vill investéiert gouf.”

Fir den ADR-Fraktiounschef Fred Keup feelt et an deem Budget u Seriositéit. De Sven Clement Deputéiert vun de Pirate vermësst ee kohärent Bild iwwert d’Finanzsituatioun.

Déi grouss Defien ewéi d’Wunnen: Doranner géif net genuch investéiert ginn, huet d’Oppositioun an enger éischter Reaktioun unanime kritiséiert, ewéi den David Wagner vun déi Lénk erkläert.

“Mir ginn immens vill Suen aus elo am Militärbudget. An duerno, déi richteg Erausfuerderung fir Lëtzebuerg dat ass de Logement zum Beispill. An do mierkt een awer, datt mer plus ou moins nach ëmmer stagnéieren, do wou ee vill méi misst ëffentlech investéieren.”

Vun de Majoritéitsparteien CSV an DP ginn et méi positiv Reaktiounen op d’Budgetspolitik vun der Regierung, déi trotz héijen Depensen awer géif fäerdeg bréngen eng gesond Finanzsituatioun ze behalen.

play_arrow Lauschteren