Radioen

On air

Moiesstudio  |  Hëllef bei Alzheimer am Ufankstadium

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nach ni goufen et an Europa esou vill extreem Hëtzt-Deeg

European State of the Climate Rapport 2023

Nach ni goufen et an Europa esou vill extreem Hëtzt-Deeg

D‘Joer 2023 war eent vun de wäermste wat jeemools gemooss gouf. Nach ni goufen et esou vill Deeg ewéi zejoert, wou d‘Leit eng extreem Hëtzt gespiert hunn, sou e Constat aus engem neie Rapport vum europäesche Klimawandel-Service Copernicus an der Weltwiederorganisatioun vun der UNO.

auto_stories

1 min

headphones

5 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde play_arrow
Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde

Deemno hätt et zejoert an Europa eng Rekordzuel un extreemen Hëtztdeeg ginn. Dat sinn Deeg, wou wéinst thermeschem Stress déi gefillten Temperatur bei 46 Grad oder driwwer louch, sou de Rapport. D‘Zuel vun Doudesfäll wéinst Hëtzt wier an de leschten 20 Joer an der Moyenne ëm 30 Prozent geklommen, heescht et do nach. Europa wier dee Kontinent, dee sech am séiersten erwiermt, esou nach dëse Rapport.

Fir Lëtzebuerg war et dat wäermste Joer, esou de Lëtzebuerger Klimafuerscher Andrew Ferrone, ee vun den Auteuren déi de Rapport coordonéiert hunn.

Allgemeng géif d’Dréchent an d’Luucht goen an d’Staarknidderschléi zouhuelen, esou den Andrew Ferrone. D’lescht Joer hätten an Europa een Drëttel vun de Flëss mat Héichwaasser misste kämpfen. 

D'Klimaerwiermung ass der UNO no eng Konsequenz vu mënschlechen Aktivitéiten duerch de Gebrauch vu fossillen Energien an den Zäregasemissiounen, déi doduerch an d’Loft geblose ginn.

Interview mam Andrew Ferroneplay_arrow