arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nach net gewosst wéini zu Conter den neie Schäfferot gestëmmt gëtt

Gemengepolitik

|
headphones

1 min

Nach net gewosst wéini zu Conter den neie Schäfferot gestëmmt gëtt

Nach ëmmer ass net gewosst, ob de Mëttwoch zu Conter den néie Schäfferot gestëmmt gëtt. Bis dräi Deeg virun der Sëtzung hätt de Punkt misse schrëftlech nogereecht ginn. De Punkt soll den Dag selwer op den Ordre du Jour gesat ginn, seet den zukënftegen DP-Buergermeeschter Dali Zhu op Nofro hin.

headphones

1 min

D'Gemengenhaus zu Conter
D'Gemengenhaus zu Conter

Grond wier, datt de CSV- Schäffe Yves Loose seng Demissioun nach net offiziell agereecht hätt.  De Yves Loose huet wëlles, dëst an der Seance e Mëttwoch ze maachen, wéi hien dem 100,7 confirméiert huet.

Well den Ordre du Jour vum Gemengerot elo eigentlech fixéiert ass, kann de Vott fir en néie Schäfferot nëmmen iwwer eng sou genannt Urgence stattfannen. Déi muss vun  enger Majoritéit vun de Conseilleren ugeholl ginn. Dat huet den Inneministère erkläert. Dës Urgence muss motivéiert sinn. Wann et dëse Mëttwoch sollt zu Conter zum Vott vun engem neie Schäfferot kommen, géif dësen als éischt eng Verlängerung vum Budget ufroen, esou nach den zukünftegen DP-Buergermeeschter vu Contern.

Nodeems et an der Politik an der Gemeng Conter zënter gutt annerhallwem Joer ëmmer nees zu Onroue komm war a sech déi fréier CSV-Buergermeeschtesch Marion Zolivet-Braquet zeréckgezunn huet, gouf Enn Oktober bekannt, datt sech DP, déi gréng an LSAP zesummegedoen hunn, fir den nächste Schäfferot ze stellen.