D'Maintenance-Ekippe wieren op der Plaz, fir de Problem ze léisen. Vun 10 Auer u soll den Zuchtrafic tëschent Lëtzebuerg a Beetebuerg nees progressiv ulafen, esou d'CFL.
Fir méi Informatiounen iwwer Alternativen an Horairë solle betraffe Passagéier déi mobil Applikatioun CFL consultéieren oder de Site cfl.lu.