3,5 Prozent dovu fir klassesch Militärdepensen, de Rescht kéint a militäresch Infrastrukturen investéiert ginn. Spuenien huet sech dogéint ausgeschwat. D'Defense-Budgete solle bis 2035 ugepasst ginn.
Erwaart ginn um Sommet ënner anerem den US-President Donald Trump an den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj. Lëtzebuerg ass duerch de Premier Luc Frieden vertrueden.
D'Sécherheetsmesurë sinn déi gréisst jeemools an Holland, mat 27.000 Polizisten an 10.000 Zaldoten.