arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ NATO: Héich Arméivertrieder diskutéieren diplomatesch Efforten am Ukrainkrich

No rezenten Entwécklungen

|
headphones

1 min

NATO: Héich Arméivertrieder diskutéieren diplomatesch Efforten am Ukrainkrich

D'Cheffe vun den État-majore vun den NATO-Arméien hunn haut um Mëttwoch eng Visiokonferenz zum Theema Ukrain: Dat huet déi nordatlantesch Allianz gëschter um Dënschdegowend bekannt ginn. De Krich an der Ukrain an d'Fortschrëtter bei den diplomateschen Efforte stinn am Mëttelpunkt vun där Entrevue.

headphones

1 min

NATO | © picture alliance / AA/photothek.de | Janine Schmitz
NATO (Foto: picture alliance / AA/photothek.de | Janine Schmitz)

32 héich Arméivertrieder vun der NATO si bei där Visiokonferenz dobäi. Gëschter Owend nach hate sech verschidden europäesch Arméicheffe mat hirem US-Homolog, dem Generol Dan Caine, iwwer d'Ukrain ënnerhalen.