arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ NATO-Generalsekretär zu Kiew: Putin weist kee seriöt Engagement fir Fridden

Krich an der Ukrain

|
headphones

1 min

NATO-Generalsekretär zu Kiew: Putin weist kee seriöt Engagement fir Fridden

Russland huet hënt déi gréissten Attack op d‘Ukrain zanter Ufank vum Joer lancéiert. Néng Persoune wiere blesséiert ginn, esou de Wolodymyr Selenskyj.

headphones

1 min

NATO-Generalsekretär Mark Rutte zu Kiew | © EPA/ANDRII NESTERENKO
NATO-Generalsekretär Mark Rutte zu Kiew (Foto: EPA/ANDRII NESTERENKO)

An der ukrainescher Haaptstad Kiew wieren iwwer 1.000 Gebaier ouni Heizung. An der zweetgréisster Stad Kharkiv wieren et iwwer 100.000 Stéit. Dat bei Temperature vu bis zu -20 Grad.

Dat och virun enger neier Verhandlungsronn fir de russeschen Ugrëffskrich op een Enn ze bréngen. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet a soziale Medie geschriwwen, datt et fir Russland méi wichteg wier, fir déi keelst Deeg vum Wanter ze notzen, fir d‘Leit ze terroriséieren, wéi sech ëm Diplomatie ze këmmeren.

Och den NATO-Generalsekretär sot, datt déi nei russesch Ugrëff kee seriöt Engagement vum Kreml fir Fridde géife weisen. Dat sot de Mark Rutte bei enger Visitt zu Kiew.