No dëser Entrevue ass eng Aarbechtsreunioun geplangt, bei där och d'Verteidegungsministerin Yuriko Backes derbäi ass.
Haapttheema vum Mark Rutte senger Visitt zu Lëtzebuerg ass den Ukrainkrich an d‘Lëtzebuerger Defenseausgabe fir d'NATO.
De Mark Rutte soll och am Palais vum Grand-Duc empfaange ginn. Ausserdeem steet eng Visitt vun der SES zu Betzder a vun der NATO-Agence zu Capellen um Programm.