Mat méi wéi 50 Km/h fueren d'Coureure bei Paris-Roubaix iwwer de Pawee: D’Hänn fest ënnen um Guidon, de Bléck ganz konzentréiert no vir geriicht. Well wann een net oppasst, läit ee séier um Buedem.
Keen angeneemen Dag um Vëlo
Vun den 260 Kilometer Course tëschent Compiègne a Roubaix, ganz am Norde vu Frankräich, gi ganzer 55 op Pawee gefuer. Dat ënnerdeelt an 30 Secteuren.
D’Course gëtt net fir näischt "L’enfer du Nord", also d’Hell vum Norde genannt. Wann de ganze Kierper nämlech esou duerchgerëselt gëtt, wann een iwwer de Pawee fiert, kënnt et dacks vir, datt d’Coureure kee Gefill méi an den Hänn hunn, oder net méi richteg riicht aus kënne kucken.
Dobäi kënnt d’Wieder: Wann et reent, da ginn déi stëbseg Pawee-Secteuren immens rutscheg, soudatt Chutte leider virprogramméiert sinn. Fir e Sonndeg ass den Ament allerdéngs kee Ree gemellt.
Van der Poel vs. Pogačar: Schonn nees?
Als de grousse Paris-Roubaix-Spezialist gëllt den Hollänner Mathieu van der Poel, dee bei de leschten 3 Editiounen als Éischten iwwer d’Arrivée gefuer ass. Wéi keen Anere verbënnt hie Kraaft, Ausdauer an Technik, soudatt de fréiere Weltmeeschter quasi iwwer d’Paweesteng flitt.
Säi gréisste Konkurrent? Keen anere wéi den Tadej Pogačar. Vun de 5 Monumenter ass Paris-Roubaix nämlech déi eenzeg Course, déi hien nach net gewanne konnt. D’lescht Joer war hien no drun, bis hie sech ronn 40 Kilometer viru Schluss an enger 90-Grad-Kéier verschat hat an an d’Spectateure gerannt ass.
De van der Poel, deen zu deem Ament eleng mam Pogačar un der Spëtzt louch, huet dat ausgenotzt.
Eng spartanesch Dusch zum Ofschloss
Legendär ass dann och d’Arrivée zu Roubaix, wou d’Coureuren am Vëlodrom ukommen. Dacks gëtt d’Course hei eréischt am Sprint decidéiert. Eng leschte Kéier war dat 2019 de Fall. Deemools war et de Belsch Philippe Gilbert, dee sech géint den Däitschen Nils Politt duerchsetze konnt.
Genee esou historesch wéi d’Course sinn dann och d’Zeenen no der Arrivée, wou d’Coureure sech an den alen Dusche vum Vëlodrom Bulli, Stëbs, Schweess a Blutt ofwäschen. Ganz spartanesch, mee no 250 Kilometer voller Strapazen, wuel de gréisste Luxus, deen d’Cycliste sech virstelle kënnen.