Radioen

On air

One World  |  Explizit Lyrics

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Musek, déi d’Grenze verschwammen deet

Hemmersdorf Pop Festival

Musek, déi d’Grenze verschwammen deet

​​​​​​​Den Hemmersdorf Pop-Festival ass all Joer am Saarland, net wäit vun der franséischer Grenz, an enger ganz ländlecher Géigend. De grenziwwerschreidenden Ideal, an d’Entwécklung vum Territoire sinn dann och zentral Iddie fir den Hemmersdorf Pop, deen de 26. bis 28. Oktober a seng 4. Editioun geet.

auto_stories

2 min

headphones

8 min

play_arrow
Foto: Hemmersdorf Pop Festival

Net, datt hei just däitsch a franséisch Projeten ageluede géifen – nee, all d’Faarwe vun der Popmusek sollen openeentreffen. De Motto dëst Joer: “Verschwimmen”, esou wéi och d’Landesgrenze ronderëm Hemmersdorf mat der Zäit verschwomme sinn.

De Line-Up ass eng Zeenographie, déi eis duerch dës Landschaft féiert. Ech hunn net agéiert wéi ee Booker normalerweis, deen de potenzielle Public mat der Gage vum Artist ofrechent, mee war fräi an deem Choix, dee mir richteg erschéngt huet.”, esou de Programmateur vum Festival, Chris Burr.

De Parcours geet un am Festsall vun der klenger franséischer Nopeschgemeng Guerstling, wou och an der Kierch Concert’e geplangt sinn. Zu Hemmersdorf selwer ginn de Freiden a Samschden d’Sankt-Konrad-Kierch an eng méi grouss Hal bespillt. 

Projeten op d’Bün bréngen, déi soss keng Plaz kréien

Fir de Line-Up zesummenzestellen, ass et dem Organisatuer drëms gaangen, Indie-, neoklassesch an Jazz-Crossover-Projeten ze verflichten, well déi am Saarland soss kaum hir Plaz op de Büne fannen.

D’Lou Agathe, franséisch The Voice for Kids-Finalistin deelt sech d’Scheinwerfer mam Dubliner Lidderschreiwer A.S. Fanning, der Lécker Rockband The Brums, der franséischer Sängerin Flèche Love an der nordenglescher Alternative-Band “The Irrepressibles”, fir der nëmmen e puer ze nennen, an op d‘Varietéit vun dem Gebuedene schéissen ze doen.

Eng net onwichteg Roll am Line-Up spillt och déi englesch Folk- a Lofi-Musekerin Rachael Dadd, déi nieft hirem Optrëtt och ee Gesangsworkshop wäert ubidden.

Lauschterenplay_arrow