Zu Réimech an der Schwämm war de leschten Dag vum meteorologesche Summer fir ganz besonnesch Gäscht reservéiert. Éier Schwämm hir Diere bis d'nächst Joer zougemaach huet, duerften nämlech leschte Samschdeg d'Hënn an d‘Waasser. Bei fräier Entrée a guddem Wieder haten eng ronn 120 Visiteuren de Wee op Réimech fonnt. Wéi et den Hënn an hire Besëtzer am Schwammbaseng gefall huet, huet d'Stéphanie Bisenius nogefrot.