Elo ass eng Motion de censure géint de Schäfferot agereecht ginn, wat d‘Enn vum Mandat vu der aktueller CSV-DP-Majoritéit ëm d‘Buergermeeschtesch Carole Weigel bedeit. De Vott doriwwer wäert den 29. Dezember sinn.
Et kënnegt sech eng LSAP-DP-Koalitioun un. An de Patrick Comes gëtt als neie Buergermeeschter proposéiert. De Patrick Comes war fir d‘CSV mat an d‘Wale gaangen, war awer kuerz no de Walen aus der CSV ausgetrueden an no enger Zäit als neutrale Conseiller du bei d‘LSAP gaangen.
LSAP am Austausch souwuel mat DP wéi mat CSV
D’LSAP wier esouwuel vun der CSV wéi och vun der DP kontaktéiert ginn an hätt sech och mat béide fir Gespréicher getraff, erkläert den Michael Schenk, LSAP-Gemengeconseiller vu Woolz.
"Eis Propos war, datt déi dräi Éischtgewielten de Schäfferot géife stellen. Do ass d'CSV net drop mat agaang. Si hunn eis och keng Kontrepropositioun eraginn. A sou wéi dat sech an enger Demokratie da passt, hu mer natierlech och d'DP gesinn, wou mer ee positive konstruktiven Austausch haten, wou mer eis inhaltlech relativ no waren."
Kritik vun nach-Buergermeeschtesch
De Buergermeeschterposten wier als éischt och dem Michael Schenk ugebuede ginn. Aus beruffleche Grënn huet hien deen awer net ugeholl.
An engem Communiqué bedauert d‘CSV-Buergermeeschtesch vu Wolz, datt et sou wäit komm ass. Si kritiséiert och déi nei LSAP-DP-Koalitioun, där et net ëm d‘Saach géif goen, mee ëm Muecht, Positiounen an ëm eng politesch Rechnung, déi d‘LSAP der CSV wéilt presentéieren. Si selwer an d‘CSV-Conseillère Chantal Kauffmann géife weider am Gemengerot bleiwen an an d‘Oppositioun goen.