arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mounddäischtert an Europa

Astronomie

|
headphones

2 min

Mounddäischtert an Europa

Um Sonndegowend kann ee vun Europa aus eng komplett Mounddäischtert observéieren. Zu Lëtzebuerg ass dat um 11 Minutten op 8 Auer den Owend méiglech.

headphones

2 min

Lescht Mounddäischtert den 27.07.2018 | © picture alliance / Wagner | Ulrich Wagner
Lescht Mounddäischtert den 27.07.2018 (Foto: picture alliance / Wagner | Ulrich Wagner)

Um Sonndeg kann een a ganz Lëtzebuerg e besonnescht Spektakel beobachten: Eng Total Mounddäischtert (d. Mondfinsternis). Viraussetzung ass natierlech eng fräi Vue. Meteolux mellt e puer Wolleken fir den Owend. 

Wat geschitt bei enger Mounddäischtert?

Déi voll beliichte Moundkugel wandert duerch de Schiet vun der Äerd a gëtt dobäi verdäischtert. Dat well d’Äerd sech op hirer Bunn tëschent Mound a Sonn stellt.

Dat heescht de Mound, d’Äerd an d’Sonn leie praktesch genee op enger Linn an de Schiet vun der Äerd wandert iwwer de Mound.

Et ass dee gläiche Prinzip wéi bei enger Sonnendäischtert, wou sech de Mound tëschent Sonn an Äerd stellt. Well awer den Duerchmiesser vun der Äerd ronn véier mol esou grouss ass, wéi dee vum Mound, gëllt dat och fir de Schiet. D’Däischtert op der Uewerfläch vum Mound dauert also méi laang.

Sou entsteet eng Mounddäischtert | © picture alliance/dpa/dpa Grafik | dpa-infografik GmbH
Sou entsteet eng Mounddäischtert (Foto: picture alliance/dpa/dpa Grafik | dpa-infografik GmbH)

Wéini fänkt se un?

D’Mounddäischtert fänkt mam Komme vum Mound un. A Lëtzebuerg ass dat géint aacht Auer a se dauert bis kuerz virun 10 Auer owes.

Wisou gesäit de Mound rout aus?

De Mound wäert eng roudelzeg-bronglech Faarf hunn. Dowéinst gëtt dat Spektakel och als “Bluttmound” bezeechent. Woubäi awer verschidden Expert:innen éischter vun engem “Kupfermound” schwätzen.

Theoretesch kéint ee jo mengen, datt een de Mound guer net dierft gesinn, wa kee Liicht drop fält. Praktesch awer, fält schonn e bësse Liicht vun der Sonn op de Mound. D’Äerdatmosphär brécht déi laang a rout Welle vun der Luucht an esou landen déi am Schiet vun der Äerd. Doduerch fierft sech dann d’Uewerfläch vum Mound rout.