arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Motocyclist bei Accident gestuerwen

Autobunn A3

|
reading time

1 min

Motocyclist bei Accident gestuerwen

Bei engem Accident op der Diddelenger Autobunn A3 ass ee franséische Motocyclist vu 37 Joer ëm d‘Liewe komm, dat mellt d‘Police.

reading time

1 min

© Bumble Dee / Adobe Stock
(Foto: Bumble Dee / Adobe Stock)

D‘Accident tëscht dem Motorrad an engem Auto wär géint 20 op 6 de Moien op Lëtzebuerger Säit kuerz hannert der franséischer Grenz geschitt.

Trotz enger Noutbehandlung ass dee franséische Motocyclist nach op der Plaz gestuerwen. Fir d‘Rettungsaarbechte goufen zwou Spueren op der A3 a Richtung Lëtzebuerg gespaart an de Verkéier ëmgeleet. Dat huet Stau vu bis zu 16 Kilometer ausgeléist.