Ee Mann hätt eng Passagéierin wëllen iwwerfalen. Déi hätt sech awer net gewäerde gelooss. Doropshin hätt de Mann se mat deem ieweschten Deel vun engem Hummer an d‘Gesiicht geschloen.
D‘Fra gouf liicht blesséiert.
De 26 Joer ale Mann wier virleefeg festgeholl ginn. De Parquet vu Paräis hätt eng Enquête lancéiert wéinst versichtem Mord.