De Mann ass offiziell nach net identifizéiert, par conter wier d‘Waff fonnt ginn, mat där de Kirk wuel erschoss gouf. Eng Waff, déi et méiglech mécht, vu relativ wäit en Zil ze treffen.
Iwwerdeems huet den amerikaneschen Ausseministère Auslänner Konsequenzen ugedreet, déi um Internet Gewalt rechtfertegen. Esou Leit wieren an den USA net wëllkomm, huet de Vizeausseminister Christopher Landau op X geschriwwen.