arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Monika Helfer: En Noruff

Literatur

|
reading time

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Monika Helfer: En Noruff

Eigentlech wollt ech iech haut e Liestipp ginn, op menger Lëscht steet och "Bagage" vun der éisträichescher Schrëftstellerin Monika Helfer. Gëschter koum déi iwwerraschend Noriicht, datt Monika Helfer gestuerwen ass.

reading time

3 min

headphones

5 min

play_arrow
D'Monika Helfer | © picture alliance/dpa | Rolf Vennenbernd
D'Monika Helfer (Foto: picture alliance/dpa | Rolf Vennenbernd)

Ech sinn hir nach viru Kuerzem begéint, wou si mat hirem Mann, dem Michael Köhlmeier, zu Lëtzebuerg war. Eng douce an zeréckhalend Persoun, grad esou wéi hir Literatur.

Bekannt ginn duerch hir Familljentrilogie

D'Monika Helfer ass 78 Joer al ginn. Si war schonn iwwer  70 wou si international Unerkennung kritt huet. Virdrun huet si eng ganz Rei Erzielungen, Kannerbicher a Romaner publizéiert.

Hire Roman "Die Bagage", deen 2020 am Hanser-Verlag publizéiert ginn ass, ass den éischten Deel vun hirer Familljentrilogie, dee mat sëllege Literaturpräisser ausgezeechent ginn ass.

An dësem Wierk erzielt d’Monika Helfer d’Geschicht vun hirer Groussmamm an hirer Mamm.

Realitéit vermëscht sech mat Fiktioun

Et ass d’Geschicht vun enger Famill, déi a grousser Aarmut lieft – mir sinn an der Zäit vum Éischte Weltkrich. Der Helfer hire Grousspapp, de Josef,  ass un der Front. Seng Fra Maria ass doheem mat de Kanner. D’Fra huet ee "Makel", si ass immens attraktiv, wat hir dann och zum Verhängnis gëtt.

Wou si schwanger gëtt komme Gerüchter op, datt net hire Mann de Papp vu Kand ass. Vun der Gebuert vum Meedchen un – der Monika Helfer hir Mamm – bekuckt de Papp d’Kand net a wäert och ni, bis zu sengem Doud, e Wuert un et riichten.
 
Monika Helfer vermëscht an hire Wierker autobiografesch Realitéit a Fiktioun oder besser gesot, Erënnerung a Fiktioun. Dobäi geet et hir manner ëm déi historesch Wouerecht, mee ëm déi emotional.

Schreiwe géint d'Vergiessen

An dat weist sech och am Roman "Die Bagage" – wat hei fir Gesindel steet, esou ass des Famill nämlech an dësem éisträichesche Biergduerf empfonnt a betitelt ginn. Si setzt hirer Famill en Denkmal, wëllt awer och drop opmierksam maachen, war et heescht an Aarmut um Bord vun enger Gemeinschaft ze liewen, de Virurteeler ausgeliwwert ze sinn.

Bei der Helfer ginn et awer keng Affer an Täter, iwwer déi si urteelt. Si erzielt, net chronologesch, net parteiesch, si erkläert net, si rechtfertegt net.

D'Monika Helfer huet mol gesot, datt si géint d’Vergiesse schreift. An dat weist sech net just an "Die Bagage", mee och am Roman "Vati", en Hommage un hire Papp, deen am Krich e Bee verluer huet an nom Krich an engem Heem fir Krichsverletzter geschafft huet.

D’Monika Helfer ass mat dëse Mënschen opgewuess, wat hir wuel och déi Sensibilitéit fir vulnerabel Mënsche matginn huet.

Den drëtten Deel vun der Trilogie ass dem verstuerwene Brudder gewidmet

Wou d’Heem zougemaach gouf an der Helfer hir Mamm gestuerwen ass, sinn d’Kanner verstreet ginn. Hire Brudder Richard, deen et vu Klengem u schwéier hat seng Plaz ze fannen, huet sech mat 30 Joer d’Liewe geholl. Iwwer hie schreift Monika helfer am Roman "Löwenherz" – dem drëtten Deel vun hirer Familljesaga.

Et ass net de Suizid, dee si thematiséiert, mee si zeechent hei de Portrait vun engem sensibele Mënsch a Kënschtler.

Och hei gi Fiktioun, Erënnerung a Realitéit vermëscht a wéi d’Erënnerung selwer, ass dëst Wierk net chronologesch.

En Denkmal u si selwer

Déi dräi Wierker  si Versich, de Mënschen, déi hiert Liewe gepräägt hunn, nach emol ze begéinen. Well wou si dës Romaner geschriwwen huet, huet kee méi vun hinne gelieft. A si gëtt dëse Mënschen duerch hir kloer, melancholesch a ganz lues an douce Sprooch d’Geleeënheet, weider ze liewen.

D'Monika Helfer huet mat vill mënschleche Verloschter misse liewen. Si schreift driwwer, ganz niichter, a setzt sech ni an de Mëttelpunkt.

Elo ass si net méi do. Mat hire Bicher huet si de Mënschen, déi hir wichteg waren, en Denkmal gesat  - an dës Bicher sinn elo och en Denkmal u si selwer.

play_arrow Lauschteren