arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger Deputéiert als Walobservateur a moldawesche Walbüroen

Parlamentswal

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Lëtzebuerger Deputéiert als Walobservateur a moldawesche Walbüroen

An de moldawesche Walbüroe wier e Sonndeg alles korrekt gelaf, seet den DP-Deputéierte Gilles Baum am 100,7-Interview. Hie war um Sonndeg zesumme mam LSAP-Deputéierte Claude Haagen als Walobservateur zu Chisinau.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Déi Moldawesch Presidentin Maia Sandu an der Wallkabinn um Sonndeg | © EPA/DUMITRU DORU
Déi Moldawesch Presidentin Maia Sandu an der Wallkabinn um Sonndeg (Foto: EPA/DUMITRU DORU)

Och d’EU-Deputéiert Isabelle Wiseler (CSV) war an der Republik Moldau fir eng Observateursmissioun vum EU-Parlament.

Déi proeuropäesch Partei PAS vun der Presidentin Maia Sandu huet d’Wal mat enger absolutter Majoritéit gewonnen. D’Republik Moldau steet permanent op der Kipp tëschent engem Rapprochement un d’EU oder u Russland. Zënter 2022 ass d’Republik Moldau, genee wéi d’Ukrain en EU-Bäitrëttskandidat. Scho wärend dem Walkampf goufen et massiv Beaflossunge vu Russland.

Absolut Majoritéit huet iwwerrascht

Et ass éischter iwwerraschend datt, déi pro-Europäesch PAS vun der Presidentin Maia Sandu déi absolut Majoritéit konnt erreechen. Dat confirméiert och den DP-Deputéierte Gilles Baum.

“Ech géif mengen et war absolut net ze erwaarden. ET ass op alle Fall net dat Gefill, dat ech kritt hunn, déi zwee Deeg virun de Walen, wou ech mam Kolleeg Claude Haagen an de Briefinge war. Et war eng Walcampagne, déi vun enger ganz staarker Emissioun vun der russescher Federatioun, markéiert war. D’Sondagen hunn och e Kapp-u-Kapp-Renne virausgesot.”

Nodeems bal all d’Stëmmen ausgezielt goufen, konnt déi proeuropäesch PAS awer 50,3 Prozent vun de Stëmme kréien, wärend de prorussesche Block vum Ex-President Igor Dodon nëmmen op ronn 24 Prozent komm ass.

An den néng Walbüroen, wou de Gilles Baum Observateur war, wier alles de Reegelen no gelaf. Och am Debrief vun all den Observateure wier näischt Besonnesches opgefall. Just an Transnistrien, enger Regioun déi zwar zu Molday gehéiert, awer vu Russland kontrolléiert gëtt, gouf et Problemer, wann d’Leit wollte wiele goen, esou de Gilles Baum.

“Si haten 12 Büroe laanscht d’Grenz an déi sinn alleguer zwee Deeg virun de Walen op eng aner Plaz verluecht ginn. En plus waren d’Brécke vun Transnistrien a Moldawien zou.”

Frou Reaktiounen aus Europa

Iwwerdeems wier ee stutzeg ginn, datt um Waldag selwer nach eng Partei verbuede gouf, esou de Gilles Baum. Dobäi geet et ëm eng kleng nationalistesch Partei. No de Wale wier et och nach zimmlech roueg bliwwen am Land. Zu vereenzelte prorussesche Protester wier awer koum, sot nach de Gilles Baum. 

Éischt Reaktiounen op de Walausgang gëtt et schonn. D’Ursula von der Leyen weist sech erliichtert iwwer d’Resultat. D’Versich fir Angscht ze verbreeden an d’Land ze splécken, hätten de Wëlle vu Moldau net brieche kënnen. Iwwerdeems géif ee Moldau bei de Schrëtt Richtung EU-Memberschaft ënnerstëtzen, esou d’EU-Kommissiounspresidentin.

An och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj sot, Russland hätt et net fäerdeg bruecht, Moldau ze destabiliséieren.

play_arrow Lauschteren