arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ministerrot: Staat wäert sech weider deelweis un de Stroumnetzkäschte bedeelegen

National

|
reading time

1 min

Ministerrot: Staat wäert sech weider deelweis un de Stroumnetzkäschte bedeelegen

Am Ministerrot gouf gëschter ënner anerem de Gesetzprojet ugeholl, deen d’Bedeelegung vum Stat un engem Deel vun de Stroumnetzkäschte fir Stéit a Betriber d’nächst Joer weider féiert, dat an Héicht vun 150 Milliounen Euro. 

reading time

1 min

Conseil de gouvernement | © SIP / Claude Piscitelli
Conseil de gouvernement (Foto: SIP / Claude Piscitelli)

Am Conseil de gouvernement ass donieft e Projet de loi guttgeheescht ginn, deen de Kaf vu Munitiounsstocke fir d’Arméi virgesäit. Et gouf och gréng Luucht fir de Projet de règlement grand-ducal, deen d’Participatioun vun der Arméi, un der militärescher Ënnerstëtzungsmissioun fir d’Ukrain bis Dezember 2028, ugeet. 

Reamenagement vum Camping um Escher Gaalgebierg 

Doriwwer eraus gouf decidéiert, datt am Kader vum - mëttlerweil schonn eeleftem - Fënnefjoresplang fir d’Tourismusinfrastruktur, de Camping um Escher Gaalgebierg reamenagéieren an nei Bamhaiser am Escher Déierepark bauen ze loossen.