search

/ Minister Léon Gloden wëllt aus 100 Bautereglementer een nationaalt Reglement maachen

Regierungsrot

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Minister Léon Gloden wëllt aus 100 Bautereglementer een nationaalt Reglement maachen

Fir datt méi a méi séier ka gebaut ginn, soll et vum 1. Januar 2028 un hei am Land nëmmen nach een eenzegt nationaalt Bautereglement fir allen 100 Gemenge ginn.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Den Inneminister Léon Gloden | © MAINT
Den Inneminister Léon Gloden (Foto: MAINT)

Dëse Projet vum Inneminister Léon Gloden huet um Freideg am Regierungsrot gréng Luucht kritt. Donieft sollen d’Prozedure fir déi allgemeng Bebauungspläng (PAGen) an d’Deelbebauungspläng (PAPen) méi kuerz a méi einfach ginn. Dat gouf um Briefing nom Regierungsrot ugekënnegt.

Wat déi geplangte Reform vun de PAGen an de PAPen ugeet, soll et dofir an Zukunft eng eenheetlech Prozedur ginn. D’Dauer fir dës Prozedure soll zum Deel däitlech reduzéiert ginn: bei PAGen z.B. vun 12 op 7 Méint.

Léon Gloden: "Radikale Changement"

Et wier déi éischte Kéier hei am Land, datt een an der Bautepolitik vun 100 Reglementer op een nationaalt Bautereglement wéilt eriwwer goen, esou de Léon Gloden.

“Dat ass ee wesentleche Paradigmewiessel. Ee Reglement fir 100 Gemengen, d.h. manner Reegelen.”

De Minister Léon Gloden huet vun engem “radikale Changement”geschwat, deen och méi Liewensqualitéit soll bréngen. Z.B. soll an Zukunft eng “exzessiv Versigelung” evitéiert ginn.

“Well dat ass net gutt fir d’Waasserreserven. Dofir Obligatioun fir Parkplazen ze realiséieren, déi waasserduerchlässeg sinn. Verbuet vun deene sougenannte Steegäert an Obligatioun vun der Begréngung um Terrain.”

Reewaasserbehältere sollen an Zukunft och obligatoresch ginn, esou den Inneminister.

“Dat heescht mir maachen hei ganz pragmateschen Ëmwelt- a Klimaschutz am Zesummespill mat der Resilienz.”

Och fir Wärmepompelen sollen et an Zukunft iwwerall déi selwecht Reegele ginn: dës sollen am Prinzip iwwerall op engem Terrain kënnen installéiert ginn.

Vereinfacht a méi séier Prozedure sollen et vun Ufank 2028 un och bei Projete fir erneierbaren Energië ginn, mam Prinzip vum “silence vaut accord”, esou de Premier Luc Frieden nom Regierungsrot.

Neie Generaldirekter fir d’Spuerkeess

Nofollger vun der Françoise Thoma bei der Spuerkeess wäert de Benoît Elvinger ginn: hie soll den 1. Oktober dëst Joer um Poste vum Generaldirekter ufänken. D’Doris Engel gëtt Directrice générale adjointe. Dës Nominatiounen huet d’Regierung haut gutt geheescht. De Benoît Elvinger war bis elo Member vum Exekutivcomité vun der Banque de Luxembourg.

Bedruchsaffär Immigratioun: kee Kommentar zur Instruktioun

D’Instruktioun wéinst der presuméierter Bedruchsaffär am Immigratiounsberäich – déi de Parquet dës Woch bekannt gemaach hat - wollten de Premier an den Inneminister haut net kommentéieren. D’Justiz misst hir Aarbecht maachen, esou de Luc Frieden. Den ugekënnegten Audit bei der Generaldirektioun Immigratioun misst fir d’éischt ausgeschriwwe ginn, huet de Léon Gloden de Mëtteg preziséiert. Op Basis vun deem Audit soll gekuckt ginn, wat misst reforméiert ginn.

play_arrow Lauschteren