De “Luxembourg Institute of Socio-Economic Research” huet an deem fënneften Observatoire ënner anerem d’Thematiken Demographie, Logement a Revenue behandelt an dobäi kloer Erkenntnisser erausgeschielt.
Esou war beispillsweis d’Logementssituatioun am Zäitraum 2022-2024 vun der Kris am Secteur markéiert. An dat esouwuel wat de Verkaf vu Wunnengen ugeet, wéi och de Präis dovun, esou d'Valérie Feltgen vum LISER.
"D’Zuel vun den erschwéngleche Wunnengen, déi vun der Gemeng, dem Fonds du Logement, der Société nationale des habitations à bon marché verlount gi sinn, ass zwar an d'Luucht gaangen, mee gläichzäiteg ass awer och d'Nofro eropgaangen."
Dobäi komme fir 2024 27 Prozent manner verkaaften Appartementer an e Verkafspräis pro Meterkaree, dee bal 13 Prozent no ënne goung.
Massiv Investitiounen an abordabele Wunnraum droe Friichten
Fir den CSV-Buergermeeschter Christian Weis kéint een awer grad op d’Logementssituatioun awierken.
"Déi Politik, déi mer ageschloen hunn, fir ze soen, mir investéiere massiv an abordablen a soziale Wunnraum, dat ass eppes, wat eng Konsequenz och ass vun deenen Donnéeën."
Eng weider Donnée zu de Revenuen ass, datt déi vun 2022 bis 2024 an d’Luucht goungen, op eng Bruttomoyenne vun net grad 4.400 Euro. Zougeholl hunn awer och d’Inegalitéiten.
Situatioun am Ae behalen duerch konkret Donnéeën
Esou verdénge Portugisen zu Esch eng 40 Prozent manner wéi Fransousen. Dem Sozialschäffe Bruno Cavaleiro vun der CSV no hëllefen d’Zuele vum LISER, fir d’Situatioun vu virzejoert mat där vu virdrun ze vergläichen an op d’Froen ze äntweren.
"Wat huet eis Politik dann ebe kënnen änneren? Op wat hu mer kënne reagéieren? Wéi hunn eis Mesuren um Terrain gegraff?"
Do wou een Akzenter gesat hätt, wier d’Hëllef ukomm, soudatt d’Sozialaarbecht gräife géif, huet de Bruno Cavaleiro gemengt.
An datt den Observatoire 2025 e gudden Outil wier fir déi weider Aarbecht op deem Gebitt.
Elo géif een d’Analys vun dëse jéngsten Donnéeë maachen, awer net am Kader vun Assises sociales, mä éischter mat de Partnere vun der Uni.