Wéi dee Medianloun awer wäert berechent ginn, déi Fro huet den Deputéierte vun déi Lénk de Marc Baum an der Chamber opgeworf. Den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo huet erkläert datt een amgaange wier sech eng Methodologie ze ginn, déi de Referenzwäert vum Medianloun kéint festleeën.
"Mir hunn eventuell eng méiglech Methodologie identifizéiert, op déI mer zougräife kënnen an déi och op europäeschem Niveau unerkannt ass an applizéiert gëtt, vu datt am Kader vun där Methodologie just d'Basisléin fir d'Berechnung vum Medianloun solle gekuckt ginn, musse mer déi néideg Donnéeën zesummen droen, déi et eis erlaben, d'Berechnung vum Medianloun an d'Konformitéit mat der Methodologie ze maachen. An deem Kontext wëll ech awer nach eemol betounen, datt d'Salaire vu bestëmmte Secteuren net einfach esou an ouni Grond aus der Berechnung sollen erausgeholl ginn."