arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Mind the Grap" - Néierens ginn esou vill Handye geklaut wéi zu London

Groussbritannien

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

"Mind the Grap" - Néierens ginn esou vill Handye geklaut wéi zu London

London ass déi europäesche Stad, wou déi meeschten Handye geklaut ginn. An dat geschitt dacks op ëffentleche Plazen, matzen am Dag. Krimineller rappen de Leit d‘Apparater einfach aus der Hand a flüchten op E-Bikes. Hanner dësen Déifstall stiechen awer net just Klengkrimineller. 

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow
© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

Wien zu London lieft weess, datt ee besser den Handy fest an der Hand hält wann een en dobaussen aus der Täsch hëlt. Och wann dat just ass fir kuerz ze kucken, wéini den nächste Bus kennt, oder fir seng Messagen ze liesen. Well den Telefon kann a puer Sekonne fort sinn.

Zu zwee an um E-Bike ënnerwee

An de leschte Joren hu sech nämlech Gangsteren drop spezialiséiert, de Leit d‘Telefonen aus der Hand ze rappen. Vill vun hinne benotzen dofir manipuléiert E-Bikes, déi esou séier fueren, wéi Motorrieder.

Videoe vu gewoten Déifställ ginn et sëlleger. En E-Bike, dacks mat zwee Leit drop, déi ganz schwaarz ugedoe sinn, fiert op en Trottoir hanner eng Persoun, déi ganz ofgelenkt op den Handy kuckt. Ee vun de Gangster rappt den Handy aus der Hand an ier d‘Affer verstanen huet, wat geschitt ass, ass de Motor well wäit wech. 

De Problem ass esou verbreet, datt d‘Stad, zesumme mat der Police, op d‘Trottoire Warnunge geschriwwen huet. An der Oxford Street, eng Shopping Strooss, déi bei Touriste ganz beléift ass, markéiert zum Beispill eng mof Linn um Trottoir, wou een op Motorrieder oppasse muss. 

80.000 Handyen an engem Joer geklaut ginn

"Mind the Grab" ass dobäi geschriwwen. "Passt op d‘Gräifen op", esou kéint een et iwwersetzen. Dëst ass natierlech eng Uspillung op "Mind the Gap", dee bekannte Londoner Saz, deen am Tube d‘Passagéier virun der d‘Lück tëschent dem Zuch am dem Quai warnt. 

A "Mind the Grab" kéint en neie Slogan gi fir London, well d‘Stad ass zur europäescher Haaptstad fir Handy-Déifställ ginn. D‘Lescht Joer si ronn 80.000 Handyen an der brittescher Haaptstad geklaut ginn. Well jo bal jiddereen e Smartphone huet an deen dobaussen och dacks an der Hand hellt, hu Krimineller liicht Aarbecht. 

D'Verbriechen nees eescht huelen

Et ass fir si zimmlech lukrativ an de Risiko ass kleng. D‘Metropolitan Police sot zum Beispill 2017, datt wéinst Kierzungen am Budget kleng Verbriechen, wou et onwarscheinlech wier, datt den Täter gefaasst gëtt, net méi ermëttelt géinge ginn. 

D‘Handy-Déifställ sinn an de Medie vill opgegraff ginn, an d‘Metropolitan Police wëll elo och weisen, datt si dëse Crime eescht hëlt. 

Wéi an engem Pak um Heathrow Flughafen 1.000 geklauten Handye fonnt gi sinn, gouf d‘Police op organiséiert Banden opmierksam. Déi, déi d‘Handye klauen, kënne sech ëmgerechent méi wéi 300 Euro pro geklauten Telefon verdéngen, esou d‘Police.

An d'Apparater ginn dann an d‘Ausland geschéckt, virun allem a China an Algerien. 

Finanziell, mee och emotional Konsequenzen

Et gi vill Affer, Dausenden. Vill Leit hunn hiert ganzt Liewen op hiren Handyen, an et ass häerzzerräissend, wann dës geklaut ginn. Mir hu Beweiser dofir, datt op Handyen ouni Backup Fotoe waren, déi fir ëmmer verluer gaange wieren, wann d‘Telefonen net erëmfonnt gi wieren, esou sot een Offizéier an engem Film vun der Metropolitan Police.

Obwuel allgemeng d‘Zuel vu Verbriechen zu London erofgaangen ass, sinn Déifställ immens penibel, ebe well se esou dacks virkommen an am hellen Dag geschéien. Dacks sinn Touriste getraff, wat dem Image vun der Stad net gutt deet.

Wéi kann ee sech da selwer schützen?

"Wann Dir Ären Telefon onbedéngt benotze musst, dann dréint Iech zu enger Mauer, gitt an eng Dier oder an e Buttek. Mee wann Dir op der Strooss mat Ärem Telefon einfach esou ronderëm gitt, sidd Dir en einfacht Zil", esou de Sergeant Ryan Perry am Interview mam Standard.

Op der Police hir nei Efforten an déi nei Warnungen an de Stroosse vu London wierken, dat wäert ee wuel réischt gewuer ginn, wann d‘Zuele vum nächste Joer verëffentlecht ginn. Bis dohin heescht et jiddefalls, den Handy fest am Greff ze halen.

play_arrow Lauschteren