D‘Detailer vun der Reform sollen um Méindeg am Parlament presentéiert ginn. D‘Inneministesch Shabana Mahmood huet awer schonn Haaptmesurë bekannt ginn.
Eng dovu betrëfft d‘Recht, fir e permanenten Openthalt a Groussbritannien. Den Ament kënne Leit, déi Asyl accordéiert kruten, de permanente Sejour no fënnef Joer ufroen. An Zukunft solle se 20 Joer dofir musse waarden.
Dänesche Modell als Inspiratioun
Weider solle Flüchtlinge méi séier kënnen ausgewise ginn, wann hir Heemechtslänner als sécher gëllen. Sozial Hëllefen, wéi Logement a Suen, solle gestrach kënne ginn, wann Asyl-Demandeuren sech strofbar maachen, oder trotz enger Aarbechtserlabnis net schaffe ginn.
Déi brittesch Regierung seet, si géif sech bei all dëse Mesuren um dänesche Modell inspiréieren.
D'Theema Immigratioun huet a Groussbritannien zum Opschwong vun der rietspopulistescher Anti-Immigratiounspartei „Reform UK“ vum Nigel Farrage bäigedroen.