Dës gemeinsam Erklärung gesäit ënner anerem eng konsequent Expulsiounen – och a Syrien an Afghanistan – an e méi staarke Schutz vun den EU-Baussegrenze vir. Och de EU-Kommissär fir Bannenzeg Sécherheet Magnus Brunner war dobäi.
D’Ministeren hunn an hirer Erklärung betount, datt Réckféierungen – och a problematesch Länner wéi ebe Syrien an Afghanistan – noutwenneg wieren, fir d’Vertrauen an eng equilibréiert europäesch Migratiounspolitik ze erhalen. Bis elo ginn esou Expulsioune wéinst de Sécherheetssituatiounen an dëse Länner just ganz restriktiv ëmgesat.
Benelux-Staaten net invitéiert
Eréischt haut um Freidegmoie gouf et eng Expulsioun vu Leipzig aus: 81 Afghane goufe per Fliger op Kabul zréckgefouert.
Lëtzebuerg an déi béid aner Benelux-Staate goufen net op dëse Sommet invitéiert.