arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mierscher Turnveräi mécht weider

SPORT

|
reading time

2 min

Mierscher Turnveräi mécht weider

Mat enger neier Spëtzt am Comité huet de Mierscher Turnveräin decidéiert, d’Propose vun der Gemeng unzehuelen a weiderzefueren. Virleefeg awer just am Beräich Loisir an net fir u Competitiounen deelzehuelen.

reading time

2 min

© Mierscher Turnveräin / Facebook
(Foto: Mierscher Turnveräin / Facebook)

An enger ausseruerdentlecher Generalversammlung ee Mëttwoch huet de Mierscher Turnveräin nei Statuten opgestallt. Un der Spëtzt vum Comité steet elo als Vizepresidentin d’Alexandra Neyens an net méi déi fréier Presidentin Lindsay Kelly. 

Intern Divergenzen

Mat de Wierder "That’s it" hat de Mierscher Turnveräin am Abrëll senge Membere matgedeelt, datt no 6 Joer Schluss wier. Ronn 150 Kanner hätte sech deemno en neien Turnveräi misste sichen. De Problem wieren d’Trainingsinfrastrukture gewiescht, esou déi deemoleg Presidentin Lindsay Kelly deemools am 100,7-Interview.

Souwuel de Stockage, wéi dat deeglecht Op- an Ofriichte vun de schwéiere Geräter, wieren e Grond gewiescht, firwat een d’Propose vun der Gemeng net ugeholl hätt.

Mee elo huet den neie Comité sech awer dozou decidéiert, d’Propose vun der Gemeng Miersch unzehuelen, an déi verschidde Sportshalen an der Géigend ze benotzen, seet d’Alexandra Neyens.

“Also mir sinn elo nach amgaange mat verschidden Acteuren ze kucken. Dat wäerte mir elo an den nächste Woche klären a mat grousser Warscheinlechkeet wäerte mir déi Proposen hei am Eck unhuelen, déi vu Säite vun der Gemeng an de lokale Lycéeë komm waren.”

play_arrow Alexandra Neyens

Keng Competitioune fir de Moment

Fir den Ament wäert et awer just Traininge fir d’Loisir-Gruppe ginn. Dat awer fir all Altersklassen. D’Zil wier et awer sech elo erëm opzebauen, an an Zukunft och erëm kënne Competitiounen ze maachen. Dat wäert awer an den nächsten 2 Joer warscheinlech nach net de Fall sinn, esou d’Vizepresidentin Alexandra Neyens.

Si huet bis op Weideres de Poste vun der Vizepresidentin iwwerholl. De Presidente-Posten ass den Ament net besat. D’Alexandra Neyens wéilt d’Féierungsaarbechten awer op Dauer net maachen, seet si.

“Ech hu grad esou gären et ass een aneren. Een, deen net onbedéngt och nach Trainingen hält.”

Et géif een hoffe fir den Training an der Woch vum 22. September nees kënnen unzefänken, esou nach d’Alexandra Neyens.