De Generaldirekter Michel Simonis schwätzt vun enger "grousser Prekaritéit": Et géif "dramatesch" u Plazen an dëse Strukture feelen, huet de Michel Simonis op eis Nofro hin erkläert.
"Dass also déi Leit do, par la force des choses, (...) ech mengen dat ass kee Geheimnis, ënner schlechte Konditiounen ënnerdaach sinn, well mer einfach vill Leit hunn a well et u Plaze feelt, aus deem Grond, deen ech virdrun och genannt hunn, dat ass, datt vill Leit an deene Strukturen, eigentlech net an déi Strukture gehéieren, mee eigentlech missten a Sozialwunnengen ënnerdaach oder iwwerhaapt um Marché ënnerdaach kommen. An datt dat also kloer net op deem Niveau ass, wéi mir eis et wënschen."
Op Basis vun enger Analys vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot haten d'Zeitunge WOXX an Tageblatt Enn Mee respektiv Ufank Juni Problemer an de Strukture beschriwwen. D'Tageblatt hat vu "Schandflecke" geschriwwen, an d'WOXX vu "conditions de vie déplorables" an de Strukture fir Asyldemandeuren.
"Wéi e klengt Duerf"
D'Directrice vu Sozial Aktioun a Gesondheet beim Roude Kräiz, d'Nadine Conrardy, kann dat awer net esou confirméieren, well si net wéisst, a wéi enge Strukturen dat genee gewiescht sollt sinn.
"Wann ech elo kucken, eng Struktur hei um Kierchbierg, wou d'Leit an den Zelter wunnen, wou 500 Leit, bis zu 600 Leit, meeschtens si mir éischter tëschent 500, 550, op enger kuerzer Surface wunnen, wou si sech d'Sanitären deelen, ass dat net ganz einfach.
D'Beispill um Kierchbierg wier wéi ee klengt Duerf, wat do zesumme géing wunnen. An d'Infrastrukture wieren "eebe wéi se sinn", esou d'Nadine Conrardy. Si betount awer, datt all Dag gebotzt géing ginn.
D'WOXX hat ënner anerem vu "violations importantes aux standards européens" am Foyer Tony Rollmann um Kierchbierg geschriwwen.
Kleng Strukture kënnen déi grouss entlaaschten
Ee vun de grousse Problemer wieren déi Leit, déi schonn de Flüchtlingsstatut hunn, a mam Logementsproblem confrontéiert sinn, erkläert och d'Nadine Conrardy.
"An da kann een awer och dobäi soen, datt déi méi kleng Strukturen, wou d'Leit méi laang sinn, déi sinn eigentlech a gudde Konditiounen. Dat heescht, wann ee vill méi kleng Strukturen hätt, da bräicht een net méi déi grouss, déi an der Urgence opgebaut goufen. Duerfir vläicht och nach eng Kéier den Appell, dass et wierklech wichteg ass, vläicht sech och dofir ze interesséiere fir e bësse méi eng kleng Struktur opzehuelen."
Domadder géing een déi grouss Strukturen entlaaschten, déi "e bëssen an der Nout entstane sinn, fir den Afflux opzefänken, deen an de leschte Joren elo stattfonnt huet", esou d'Nadine Conrardy.
Eng anti-zyklesch Approche
De Generaldirekter vum Roude Kräiz Michel Simonis bedauert, datt hei am Land vergiess géif ginn an Zäiten ouni Afflux vun Asyldemandeuren, Strukturen ze bauen. Hie recommandéiert an dësem Beräich "anti-zyklesch ze fueren". Néideg wier dobäi och den Engagement vun de Gemenge fir Terrainen oder Gebaier zur Verfügung ze stellen, esou de Michel Simonis.
"D’Recetten, déi si kloer, déi sinn och mengen ech gedeelt mat der Politik, wat ee ka besser maachen. Et ass just net esou einfach et ëmzesetzen."