Fir d‘UEL wier et wichteg, elo a Rou iwwert dës an aner Sujeten diskutéieren.
"Mir hätte gären a Rou diskutéiert mat hinne fir déi eenzel Punkten. An ech hoffen, datt mer iergendeng Kéier dann trotzdeem nach eng Kéier an d'Diskussioun kommen, fir ze soen, datdo war net béisaarteg. Dat sinn einfach Punkten,déi ee muss léisen, fir datt et méi einfach leeft an de Betriber."
Iwwerdeems mierkt de Michel Reckinger un, datt ee verschidde Saachen de Gewerkschafte wuel an de falschen Hals gerutscht wieren. Déi Problemer hätt ee kënne léisen, wann ee matenee geschwat hätt, esou nach den UEL-President.