Radioen

On air

One World  |  Explizit Lyrics

play_arrow Live
search

/ Luc Frieden: Michel Barnier ee Choix vu Kompetenz an Erfarung

Frankräich

Luc Frieden: Michel Barnier ee Choix vu Kompetenz an Erfarung

De Premier Luc Frieden huet an enger éischter Reaktioun op Nofro hin d'Nominatioun vum Michel Barnier als franséische Premier begréisst. Et wier e Choix vun der Kompetenz a vun der Erfarung, deen de franséische President gemaach huet. Fir den Yves Cruchten (LSAP) kéint dës Nominatioun eng Rei Froen opwerfen.

auto_stories

2 min

De Gabriel Attal (lénks) an de Michel Barbier (riets) | © picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri
Nom jéngste Premier kënnt elo den eelste Premier deen et a Frankräich jee gouf. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri)

De Luc Frieden an de Michel Barnier kenne sech zanter Joren. Virun allem aus der Zäit, wou de Luc Frieden Finanzminister war, an de Michel Barnier an der EU-Kommissioun zoustänneg war fir de Bannemaart a fir d'Finanzdéngschtleeschtungen.

Bettel: Verhandelen a Kompromësser fannen eng Kompetenz vum Barnier

De Michel Barnier hätt vill Erfarung an der europäescher a franséischer Politik, ënnersträicht de Premier Luc Frieden. Dat selwecht betount den Ausseminister Xavier Bettel, deen de Michel Barnier als Brexit-Negociateur dacks getraff huet. Verhandelen a Kompromësser fannen, dat wier eng Kompetenz vum Michel Barnier.

"Versichen d'Mëtt ze fanne vun de verschiddene Positiounen an am Interêt général ze agéieren", dat hätt de Michel Barnier scho bewisen, fënnt de Xavier Bettel. Hien ass iwwerzeegt, datt den neie franséische Premier am ëffentlechen Interêt handele wäert an d'Bierger:innen nees zesummebréngt.

Een Defi wäert et sinn a Frankräich eng Majoritéit ze fannen, ënnersträicht de Premier Luc Frieden: "Ech hoffen, datt am Interêt vun der Stabilitéit vu Frankräich an domadder och vun Europa esou eng Majoritéit ka méiglech sinn."

Yves Cruchten: Politesch Famill nëmme véiertstäerkste Kraaft an de leschte Walen

Och den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten mengt, datt et net einfach wäert si fir de Michel Barnier. Seng politesch Famill ass an de leschte Walen nëmme véiertstäerkste Kraaft ginn, erënnert den Yves Cruchten. An dat géif eng Rei Froen opwerfen, wat den "demokratesche Prinzip“ ugeet.

"Dat gesäit een och schonn an den éischte Reaktiounen aus de politesche Kreesser a Frankräich, besonnesch op der Gauche. Et gëtt haaptsächlech den Emmanuel Macron kritiséiert fir déi Decisioun.“

Manner de Michel Barnier, dee sécher eng respektabel Perséinlechkeet wier, mengt den LSAP-Deputéierten.

Et wier awer wichteg, och fir Lëtzebuerg, fir eng politesch Stabilitéit am Nopeschland ze hunn, ënnersträicht de Yves Cruchten.