Si sot der Agence France Presse, et wier eng feministesch Aktioun gewiescht. D‘Bild, op deem een de plakegen Ënnerleif vun enger Fra gesäit, war duerch Glas geschützt. Zwou Frae goufe festgeholl.
Deborah de Robertis hat an der Vergaangenheet scho Protest-Aktioune bei Konschtwierker an op anere Plaze gemaach. Si war 2020 vun der franséischer Justiz zu enger Strof vun 2.000 Euro verurteelt ginn, well si sech 2018 plakeg gewisen hat bei enger Grott am Sanctuaire zu Lourdes.