An Tschechie ginn iwwerdeems 4 Leit vermësst. Am Südweste vu Polen ass eng Persoun erdronk. De Premier Donald Tusk huet doropshi säin Appell un d’Populatioun widderholl, fir sech mat Zäiten a Sécherheet ze bréngen. D‘Peegele sinn an där Géigend am Südweste vu Polen iwwer 6 mol sou héich wéi normal.
Am Nordoste vun Éisträich koum iwwerdeems e Pompjee bei engem Asaz ëm d’Liewen. D’Bundesland Niederösterreich ass dann och zum Katastrofegebitt erkläert ginn.