arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meteor iwwer Lëtzebuerg: Material aus dem Weltall, dat net komplett ofgebrannt war

National

|
headphones

2 min

Meteor iwwer Lëtzebuerg: Material aus dem Weltall, dat net komplett ofgebrannt war

“Gëschter hu mer tatsächlech ee Meteorit an eisem Lëtzebuerger Himmel gesinn”, bestätegt am 100,7-Interview de Julien Laigle vum Luxembourg Science Center zu Déifferdeng. Dobäi hätt et sech ëm ee Stéck aus dem eelere Sonnesystem gehandelt.

headphones

2 min

Symbolfoto Meteor  | © EPA/GEORGI LICOVSKI
Symbolfoto Meteor (Foto: EPA/GEORGI LICOVSKI)

De Feierball, déi gëschter hei am Land, mee och an Holland, der Belsch, Westdäitschland an der Schwäiz ze gesi war, war Material aus dem Weltall, dat zum groussen Deel, awer net komplett verbrannt ass, confirméiert de Wëssensvermëttler Julian Laigle. 

Eroffale vu Meteoriten éischter sielen

Dobäi misst ee wëssen, datt pro Dag op der ganzer Welt ëm 70 bis 90 Tonnen u Meteorittestëbs eroffalen, erkläert de Julien Laigle.

"Natierlech vergléit dat meescht an der Äerdatmosphär, well déi mat enger immenser Geschwindegkeet vu bal 70.000 Kilometer pro Stonn eeben hei erofflitzen, an duerch déi Reiwung mat de Gasen, mat de Loftmoleküller vergléien déi quasi meeschtens. Mee heiansdo kënnt et awer vir, dass mer ee Meteorit hunn, deen e bësse méi grouss ass an dann awer schafft, dee ganz schwéiere Passage duerch d’Atmosphär ze iwwerliewen an dann awer hei op eis Äerd roffält. Sou wéi dat zum Beispill gëschter Owend a Koblenz de Fall war." 

Ee Meteoritendeel hat gëschter Owend zu Koblenz den Daach vun engen Haus beschiedegt. Beim Aschlag wier ee Lach esou grouss wéi ee Fussball entstanen, esou déi lokal Autoritéiten. Dobäi wier kee blesséiert ginn.

Biller vun enger heller Sträif um Himmel goufen op de soziale Reseaue gepost, de Meteor gouf och an Däitschland gesinn, dat hunn Experten do confirméiert. Verschidde Leit hunn och en haart Knuppen am Himmel héieren. A Rheinland-Pfalz si kleng Stécker erofgefall. Et gouf kee blesséiert, mee et goufe Schied un Haiser a Gebaier gemellt.