Fir haut gëlle weider eng ganz Partie Rotschléi, wéi ee sech bei extreemer Hëtzt soll verhalen. Dorënner, vill a reegelméisseg Waasser drénken, wa méiglech net erausgoen tëschent 11 Moies an 8 owes, d'Fënsteren a Rideaue wärend dem Dag doheem zouloossen a physesch Aktivitéite verhënneren. Et soll een och no besonnesch vulnerabele Persoune kucken.
A Frankräich ginn elo zwee Doudeger gemellt, déi un engem Malaise wéinst der Hëtzt gestuerwe sinn.
A Spuenien, a Katalounien, sinn zwee Mënsche bei engem Feier op engem Feld, dat duerch d‘Hëtzt ausgeléist gi war, ëm d‘Liewe komm.