De CGDIS huet iwwerdeems der Administratioun vu Ponts et chaussées 37 Interventioune misste matdeelen, well et op de Stroossen zu Schied koum.
Op X (virdrun Twitter) mellt Meteolux, datt et de Samschdeg den Owend an engem Korridor vu Péiténg aus iwwer Kënzeg, Stengefort, Useldeng a Feelen, bis erop op Houschent Wandspëtzte vu bis zu 100 Kilometer an der Stonn gouf.
ℹ️ Déi kräftegsten Donnerwiederzell vun haut den Owend war an engem Südwest-Nordost-Korridor vun Péiteng aus iwwer Kënzeg, Stengefort, Useldeng, Feelen bis erop op Houschent aktiv an huet do fir Wandspëtzten vun 90-100 km/h gesuergt. D'Foto weist Schued zu Kaalmes bei Sëll. /LM pic.twitter.com/OcFotlrHl7
— MeteoLux (@Meteo_Lux) August 24, 2024