arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Meteolux mellt Alerte orange

Hëtztwell

|
reading time

1 min

Meteolux mellt Alerte orange

Zu Lëtzebuerg melle Meteolux an LU-Alert fir haut eng orange Alert, also déi zweethéchst Warnung wéinst Temperature vun 32 bis 35 Grad. D'Warnung gëllt vun 12 de Mëtteg bis 9 Auer den Owend. Den Héichpunkt soll muer sinn, mat Temperature vun iwwer 35 Grad.

reading time

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Gëschter um Méindeg war d'Cellule d'Evaluation du Risque d'Intempéries beieneen, si kënnt haut am spéide Moien nach eng Kéier zesummen. An engem Schreiwes rappeléiert d'Cellule d'Mesuren, déi ee bei extreemer Hëtzt sollt respektéieren. Dorënner vill a reegelméisseg Waasser drénken, wa méiglech net erausgoen, wann et besonnesch waarm ass (tëschent 11 moies a 9 owes), physesch Aktivitéite limitéieren, an op sensibel an ufälleg Leit oppassen.

An der Gemeng Mäertert ass de Mëttwoch wéinst der Hëtzt keen Unterrecht an der Grondschoul, huet d'Gemeng matgedeelt Et gëtt awer een Accueil vum Léierpersonal an d'Maison relais ass och op.

D'Canicule trëfft Südeuropa besonnesch haart, a Spuenie goufe plazeweis iwwer 46 Grad gemooss.

A Frankräich gëllt haut déi héchst Warnstuf, eng Alerte rouge, a 16 Departementer - dorënner d'Île-de-France an d'Haapstad Paräis. An 68 weideren Departementer gëllt eng orange Alert.

An der Atomzentral vu Golfech am Südweste vu Frankräich gouf ee Reakter ofgeschalt. Dat well am Floss Garonne d'Temperatur vum Waasser, mat deem de Reakter gekillt ass, ze héich ass - esou de Bedreiwer EDF.