arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Meteolux: Juli war zu Lëtzebuerg méi naass a manner sonneg wéi an der Moyenne

Wieder

|
headphones

1 min

Meteolux: Juli war zu Lëtzebuerg méi naass a manner sonneg wéi an der Moyenne

De Klimabilan vum Mount Juli confirméiert, wat een déi lescht Woche gefillt huet. De Juli war zu Lëtzebuerg e wéineg méi naass a manner sonneg ewéi an der historescher Moyenne, esou den nationale Wiederdéngscht Meteolux.

headphones

1 min

Reen gouf et de leschte Mount méi wéi soss an engem Juli-Mount, sou Meteolux an hirem Bilan. Mat ronn 100 Liter op de Meter carré, déi um Findel gemooss goufen, louchen d’Wäerter 30 Liter iwwert dem Duerchschnëtt. E groussen Deel dovun ass den 20. Juli gefall. Do goufen um Findel bannent 24 Stonne bal 24 Liter Ree gemooss.

Alles an allem huet et op méi wéi all zweetem Dag am Juli gereent. 17 Deeg mat Ree gouf et de leschte Mount, dat sinn der dräi méi wéi üblech.

Temperaturrekord viru 6 Joer

Sonnestonne gouf et deementspriechend och manner, awer nëmmen aacht Stonne manner, wéi üblech am Juli. Dobäi muss ee soen, datt et déi éischt Deeg vum Mount nach eng Canicule gouf. Den 2. Juli gouf um Findel eng Héchsttemperatur vu 36 Grad gemooss. Dat ass vill, awer kee Rekord op engem Juli-Dag. Dee gouf et viru sechs Joer mat ganzer 39 Grad.

Temperature liicht ënner historeschem Duerchschnëtt

Allgemeng bloufen d’Temperaturen awer liicht ënnert dem historeschen Duerchschnëtt, wat doduerch bedéngt ass, datt déi lescht Woche fir d’Saison ze frësch waren.

Haut um éischten August ass dat och nach ëmmer de Fall: Mee Wiederprevisioune weisen am Moment emol op ee méi e waarmen a sonnegen August hin.